Faszinéiert vun der Fotoskonscht hunn ech a menger Jugend ugefaang mat fotograféieren. Als Autodidakt a laangjärege Member vum Dikricher Photo- Club hunn ech säit 15 Joer bei kollektiven Ausstellunge matgemaacht. 2009 hat ech d'Chance open-air Fotoen zum Thema Rallyesport fir "Clervaux, cité de l'image" ze weisen.
Vun 2008 un hunn ech probéiert verschidde markant Cliärrwer Baute virum Vergiessen ze retten. En Deel vun dese Fotoe weisen ech a menger aktueller Ausstellung déi ech mat engem neien "Bilderbouch" ergänzen.